Dienstag, 25. Juni 2013

Guest-Post: Kevin: Europa - Moralescht Vierbild?

Et ass rëm un der Zeit fier e Guest-Post, also e Post deen net ech schreiwen, mee een oder eent vun Äerch! Nodeems d'Roxanne, de Sam an de Gerson daat schon ganz uerdentlech gemaach hun, zidd de Kevin noo mat engem ganz aktuellen, kriteschen an strukturéierten Artikel - also eppes fier d'Gehier op kee Fall aus ze schalten, enjoy!

Europa - Moralescht Vierbild?


Virun baal 3 Joër huet den "arabeschen Frühling" d'Welt iwerrascht. Milliounen Leit an der ganzer arabescher Welt sin op d'Strooss gaangen fier géint sozial Ongerechtegkeet, géint déi herrschend Klass vun Diktatoren an fir méi Menschenrechter ze kämpfen. Tunesien an Lybien kruten dobäi am meeschten Medienopmierksam an grad am Moment as Syrien een vun den leschten an secherlech grausamsten Plazen vun deem Opstand vun den Massen.
Europa an Amerika spillen dobäi keng onwichteg Roll, als wichtegsten Verbündeten fir jiddwereen deen fir Menschenrechter kämpft. Europa an Amerika sin an deem Beräich weltwäit déi héchsten Instanz. Wieklech? An dësem Artikel well ech mech méi mat déier Fro beschäftegen an eng (wuel gemierkt perséinlech) Conclusion zéien.

Europa huet sëcherlech déi längsten Traditioun vun den Menschenrechter. Nodems schon 1776 an d'USA den "Bill of Rights" geschriwen gouf, ass den 26. August 1789 d'Erklärung vun den Mënschen- an Biergerrechter an Frankräich ausgeruff ginn. Dës Dokumenter sin déi wichtegst Grondlag fir dat wat hautzedaags allgemeng als "Menschenrechter" bezeechent gett. Am Laaf vum 19. Joërhonnert hun sech déi Ideen lues an lues an Europa ausgebreed mä voll an ganz kann een eréicht nom zweeten Weltkrich dovunner schwetzen, dass déi meescht Länner Demokratien agefouert hun an sech fir d'Menschenrechter agesaat hun.

Wann een dann emol iwerleet sin daat grad emol 50 Joër hier! Ausserdem hun vill Ongerechtegkeeten nach laang iwerliewt, sief et Rassentrennung an Amerika bis an d‘60er Joëren eran, oder Fraenwahlrecht, wou zum Beispill an der Schweiz am leschten Kanton 1990 per Geriichtsbeschloss an géint den Wëllen vun den Männer agefouert gouf. An och nach hautzedaags gin et an eisen Länner nach vill Diskriminatiounen déi d'Menschenrechter verletzen. Am Frankräich hun mir gesinn wéivill Léit sech géint "d'Homo-Ehe" agesaat hun. Ech selwer hun dat interesséiert an virun allem schockéiert verfollegt. Wat mir dobäi am meeschten Angscht gemeet huet as éischtens den Fakt, dass net nemmen "déi Al' do protestéiert hun mä och eng ganzen Koup vun jonken Studenten. Déi Leit schummen sech also net fir oppen géint Gläichberechtegung vun all den Menschen ze protestéiren an dobäi nach mat lächerlechen Argumenter. Ech wärt elo net doriwer diskutéiren, dat wär dann schon erem en ganzen Artikel fir sech. Mee menger Meenung no sin dat alles just Schäinargumenter. Dei Léit géifen sech extrem onwuel fillen wann op emol an engem Park zwee Männer oder zwou Fraen hir Léift vireneen géifen weisen. Dat un sech ass net verwerflech, mä amplaz ze versichen sech domadder auserneen ze setzen ass et fir sie méi einfach et guer net zu esou enger Situatioun kommen ze loossen an dës Astellung gefällt mir guer net. An aneren Länner ass et net anescht. Lëtzebuerg setzt elo réicht d‘Homo-Ehe duerch, an wéi elo säit kuerzem bekannt gin as, hun d'Briten mat ''Tempora'' en nach vill méi em sech gräifenden Abhörmechanismus wéi d'Amerikaner mat ''Prism''. An mol kuerz an den Raum gefrot: wat huet d'EU géint Ungarn ennerholl, dat Land wou säin Verfaassungsgeriicht entmuecht huet? Ahjo richteg: näicht!!

Wann een dann iwert den Atlantik kuckt, dann froën ech mech wieklech wéi sech d'amerikanesch Staatsgrënner schummen missten wann se géifen gesin wat do leeft. Fir elo just emol schnell opzezielen wat do alles fir Menrechtsverletzungen verbrach gin sin: Guantanamo, Kriichsféierung mat Drohnen, Prism... Zousätzlech huet dat Land dach net duerch Zoufall den Statuten vum Internationalen Stroofgeriichtshaff net zougestemmt. Hei well ech eng kleng Klammer opmaachen: den Internationalen Stroofgeriichtshaff ermettelt just an Fäll vun Krichsverbriechen, Völkermord an Verbriechen géint d'Menschlechkeet. Dat sin also mat déi schlemmsten Verbriechen! D'Amerikaner sin suguer esou wäit gaangen wei 2002 en Gesetz ze produzéiren wat dem amerikaneschen Präsident d'Recht gett en amerikaneschen Staatsbierger, deen sech virum Geriichtshaff zu Den Haag ze veräntweren huet, mat militärescher Gewalt ze befreien. Wann d‘USA also vun Menschenrechter schwetzen, kann ech mettlerweil nëmmen nach den Kapp reselen.

Verschidden Léit wärten sech elo berechtegt froën firwat ech esou en Miesepeter sin an alles esou schwaarz gesinn? Dat ass guer net mäin Ziel. Ech wees, dass ech mech glëcklech schätzen kann an engem Land opzewuessen wou meng Rechter souvill wéi op wéinegen Plazen op der Welt respektéiert gin. Ech mierken just eng erhéichten Hypokrisie an der Haltung vun Europa an Amerika zum Rescht vun der Welt. Secherlech, mir sin nach emmer deen Deel an der Welt wou d'Leit am fräiesten liewen an et as gudd sech och an aneren Länner fir déi Rechter anzesetzen. Just wann dann op emol en chinesechen Minister oder qatareschen Offiziellen zu Besuch as, dann geet et just nach em den Business an d‘Menschenrechter gin hautzedaags net méi ugeschwaat. An Däitschland gin se dann esou wäit Saudi-Arabien, engem islamisteschen Land, Panzeren ze liweren! An wann dann domadder en Opstand niddergeschloen gett heescht et: "Mir konnten dat net wessen" …  Ech kann jo verstoen, dass een geostrategesch Interessen huet an seng Verbündeten am Kampf géint den Terrorismus stärken well, mä dann soll een et w.e.g. sin loossen wann et engem grad emol passt mam Fanger op aner Länner ze weisen . Wann een en glaubwürdegen Verfechter vun den Menschenrechter well sin, dann kann een net tëschent Frënd an Feind ennerscheeden.

Ech well zum Schluss dann just nach soen, dass ech en groussen Vertrieder vun den Menschenrechter sin! Ech respektéiren déi momentan Demonstranten an der Türkei, déi (gemässegt an net islamistesch) Rebellen an Syrien oder Protestler an China an héchstem Mooss fir hieren Asaz fir méi Freiheet, well sie sech oft op Vergeltung gefaasst missen maachen déi mir hei an Europa nie brauchen ze färten. An eisen Länner muss een sech net Gedanken maachen an den Bing ze kommen, oder seng Famill belästegt ze gesin, wann een d'Regierung kritiséiert. Dofir ass et emsou méi bemierkenswert wann an deenen Länner d‘Léit op d’Strooss gin fir ze protestéiren, an mir kinnten eis all emol eng Scheif Mutt vun hinnen ofschneiden!




Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen