Donnerstag, 23. Januar 2014

Movies: 12 Years a Slave

12 Years a Slave - by Steve McQueen

Infosite mat Traileren a Biller

"12 Years a Slave", Dréiher vum Golden Globe an der Kategorie "Best Motion Picture, Drama" zielt d'Geschicht vum Solomon Northub, engem schwaarze fräie Mann deen entfouert gëtt an komplett aus sengem gehuewene Liewens-Stil rausgerappt gëtt, fier dann als Sklav behandelt ze gin, deen de Numm "Platt" dréit. Dëst baséiert op enger richteger Geschicht a spillt an den 1850er Jooëren, also enger Zeit wou d'Rassentrennung nach e ganz grousst Thema war.


De Film mëcht Villes richteg gudd: d'Geschicht erzielen, d'Brutalitéit riwwerbréngen an e wierklech gudde Cast ubidden; trotzdem sin ech der Meenung dass de Film net DE beschte Film ass, an dass de Golden Globe och un en aanere Film hätt kënne gooen. Mee dozou kommen ech méi spéit, lo zielen ech als éischt mol vun de gudden Aspekter!

Storytechnesch gëtt et net vill auszesetzen, vun deem waat ech héieren hun (et gëtt io e Buch dozou) an et wierkt och net wéi wann Hollywood séng Fanger groussarteg am Spill gehaat hätt andeems se ierjendwelch Kitsch-Elementer an/oder Explosiounen abauen. Déi 2 Stonnen an 14 Minuten déi de Film dauert sin "recht gudd" gefëllt mat der Leidensgeschicht vum Solomon an et kënnt een op de Punkt wou een déi Wäiss richteg haasst, dorop pocht de Film immens. Zumools de Charakter deen de Michael Fassbender spillt haasst een wierklech krass, waat en Zeechen vun enger exzellenter Schauspillleeschtung ass!
Allgemeng haasst een déi Wäiss, zumindest de Gros vun hinnen, an ech mengen et gouff bis lo nach kee Film deen engem SOU offensichtlech klooër wollt maachen dass daat zimmlech Schäiss vun "eiser Säit" aus war waat mer matd eene Schwaarze gemaach hun. Bis op de Brad Pitt (an sou hallew de Benedict Cumberbatch (dee kennt der eventuell aus der Serie "Sherlock") spillt wierklech sou gudd wéi ALL wäissen am Film e Personnage deen een nëmmen haasse kann, waat och gréisstendeels mat der excessiver Gewalt/Folter zedinn huet. Dës Szenen dauren fier gewéinlech (an dësem Film) zimmlech laang a si wierklech intensiv. Sou gëtt et zum Beispill eng Szene wou wärend gudd 3 Minuten mat der Peitsch geschlooe gëtt an d'Kamera ständeg rondremwandert; ouni Schnatt, d'Kamera selwer gëtt bewegt, waat eng zimmlech Herausfuerderung ass, souwuel fier Schauspiller wéi och fier de Kameramann.

A genee doran läit och de Problem deen ech mam Film hun: sou vill ech begeeschtert sin dass d'Gewalt gnadenlos gewisse gëtt, also déi haart Réalitéit, sou vill geet se engem no enger Zäit op d'Nerven. Als domme Resumé vum Film kéint ee behaapten dass de Solomon vu Besëtzer zu Besëtzer geet fier enger Folterszene no der aanerer noozekucken. Spéidsdens no der drëtter Szene huet een sëch als Zuschauer "dru gewinnt" an et kéint sin dass een sëch doduerch gelangweilt fillt. Et kann een lo argumentéieren dass d'Geschicht halt sou ass, mee wann een noom Film driwwer nodénkt mierkt een wierklech dass de Film quasi neicht aanescht mëcht wéi een duerch eng Gewalt-Szene no der Aanerer ze zwéngen - gudd dass de wierklech gudd gemaach sin, soss géiff et vill méi nerven!
Alles an Allem fannen ech dass "12 Years a Slave" e gudde Film ass deen d'Réalitéit knallhaart weist an deen engem definitiv zum Noodenke bréngt. Och vum Bild hier war ech recht zefridden, zumools eben vun deenen laangen Plang Séquencen (also wann net geschnidde gëtt), genee sou wéi mat der Schauspillleeschtung vun sou zimmlech ALL Schauspiller, daat war wierklech en héische Niveau. Ech gin dem Film 8/10 op der berühmter Ulmerich-Skala - e war mer en Tick ze laang an ze repetitiv, trotzdem muss een dee Film wuel gesin hun, en weideren sauere Film vum Steve McQueen!

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen