Dienstag, 21. Januar 2014

Movies: The Secret Life of Walter Mitty

The Secret Life of Walter Mitty - by Ben Stiller

Infosite mat Traileren a Biller

An dësem éischte Film vum Ben Stiller geet et em den éischter harmlosen a langweilegen Walter Mitty, gespillt vum Ben Stiller selwer. Hee schafft bei der Zeitung "Life" an ass dofier do dass d'Negativen déi d'Fotografen raschecken anstänneg a Behandlung kommen fier dass se an d'Zeitung kommen... säit Jooëren schafft heen mam Fotograf "Sean O'Connell" zesummen, dee fier déi allerlescht Ausgab vun "Life" dei PERFEKT Foto geschoss huet; leider fehlt grad daat Negativ an sou hëllt de Film säi Laaf!



Op den éischte Bléck wierkt de Film net wéi eppes waat een onbedingt kucke geet wann grad nach aaner Filmer laafen, mee menger Meenung no stëcht eng richteg Iwwerraschung hei dran! Vu fier eran ass klooër dass et kee mega serieuxen Sträiffe wert sin, an dass d'Story net atemberaubend gëtt, an trotzdem huet en daat ierjendwei drop! Dëst gëtt duerch 2 ganz einfach Komponenten erreecht: Witz a Bildopbau! Jo genau, ech hu grad Bildopbau gesoot, an ech mengen daat eescht!
Säit den éischte Puer Minute hun ech fonnt dass de Cadrage, also d'Art a Weis wéi a vu wou eppes gefilmt gëtt, richteg gudd ass, an eppes Schéines huet! Och no der nächster halwer Stonn hun ech suguer nach verstäerkt fonnt dass d'Cadragen eppes artistesches hun, an net mega banal sin. D'Stëchwuert ass hei "Léifft zum Detail". Ab engem bestëmmte Moment gewinnt een sëch un déi Art a Weis vu Kameraféirung a Bildopbau an et geet quasi normal weider. Spéidsdens wann et awer an Island a Grönland geet faszinéiert de Film rëm mat fantastesche Landschaften, déi menger Meenung no net (oder baal net) nobeaarbescht sin; ech war neemlech schon do, an et gesäit effektiv sou schéin do aus! Waat duerno kënnt fällt an de Bereich "Spoiler" mee och do kommen nach déi enger oder aaner Schéinheets-Bommen op een zou.

Op der aanerer Säit hu mer den Humor, schliesslech ass de Film an der Kategorie "Comedy"! D'Witzer gi gréisstendeels duerch dem Walter Mitty seng Daagesdreem gezielt - wärend sou engem Draam leeft de film amfong ganz normal weider, bis eppes komplett verrécktes geschitt. Bei dësen Szenen mëcht de Ben Stiller mat diversen Hollywood-Blockbusteren de Geck, ënner aanerem mat Transformers, 2012 an The Mysterious Case of Benjamin Button; ween dem Ben Stiller säin Humor net gäer huet, wert bei dësen Szenen éischter d'Aaë verdréinen... ech perséinlech hun awer gudd gelaach - oft brengen dës Szenen och neie Schwong an de Film, zumools am Ufank, wou et just em de langweilege Walter Mitty a säi Liewe geet. Spéider huelen dës Daagesdreem oof, an d'Geschicht gëtt e bësse méi serieux a spannend, ouni awer komplett op Witz ze verzichten.
ech zéie mäin Hutt fierum Ben Stiller, bis elo war ech kee sou e Fan vun him ;)
Alles an Allem fannen ech dass The Secret Life of Walter Mitty e recht gelongene Film ass, an ech war éischter positiv iwwerrascht wou ech gewuer gouff dass e vum Ben Stiller ass (daat wosst ech fierdrun neemlech net!). Ech kann ëmmer rëm widderhuelen wéi intressant d'Bildgestaltung war, daat huet mech wierklech beandrockt! E bëssen enttäuscht sin ech suguer dass en net ierjendwou fier bescht Cinematography nominéiert ass... Trotzdem gin ech dem Film keng super-duper-ultrahéisch Note well et, haaptsächlech storyweis, besser geet. Ech gin dem Film eng recht gudd 7.4/10 a kann de Film wierklech empfehlen; daat gëtt e gemiddlechen a suergefräien Owend am Kino. (Ajo, iwwregens huet de film 7.6/10 op der IMDb, ech verzaapen also net zu 100% Blödsinn hei ;). )

bis dohin,
stay tuned.



Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen